LUXRP.LU

LuxRP Reegelwierk

Discord & Aner Medien

  1. Et dierf op eise Medien net mat Echtgeld gehandelt ginn.
  2. All Spiller muss iwwert dat neidescht Equipement verfügen (Tastatur, Mikro, Kopfhörer asw.).
  3. All Spiller deen ee vun eise Medie benotzt kann all Moment opgezeechent ginn an dëst Material kann zu all Moment ouni Ofsprooch mat de Bedeelegte verëffentlecht ginn.
  4. Jeglech Werbung déi näischt mam Server ze dinn huet ass net erlaabt.
  5. Duebel FiveM oder Discord Accounts si verbueden.

Verfassung

Viraus

LuxRP och nach Luxembourg Roleplay ass e lëtzebuergesche Rollespill Server deen dem Motto ’’Handel esou wei am richtege Liewen’’ follegt. Dëst Konzept gëtt och nach ëmgangssproochlech ’’HardcoreRP’’ genannt. Dëst Dokument hei ass dat offiziellt Reegelwierk dat all Spiller deen um Server spillt befollege muss. Soss kenn e Reegelverstouss als Grond fir en Ausschloss aus dem Projet geholl ginn.

§1 - Generell Reegelen

  1. All Spiller brauch eng kaafte Vollversioun vu Grand Theft Auto V.
  2. D’Serversprooch ass Lëtzebuergesch. Dëst setzt gutt Lëtzebuergesch-Kenntnisser viraus, souwuel am Schwätzen, wéi och am Verstoen.
  3. All Spiller muss dofir suergen dass säi System, an deem Fall de PC oder Laptop, iwwer genuch Leeschtung verfüügt.
  4. Schwéier erkennbar Benotzernimm, wei "User" oder "Player" bzw. Nimm mat Sonnderzeechen sinn net erlaabt.
  5. Et muss een ëmmer mat vollem Bewosstsinn a Konzentratioun um Server an am RP sinn. Du dierfs also och op kee Fall mat Alkohol oder generellem Drogenafloss an d'RP asteigen.
  6. E Spiller dierf nëmme mat sengem Account op de Server kommen an domat spillen. Et ass also verbuede säin Account weiderzeginn oder anere Kontroll iwwert de gespillte Charakter ze iwwerloossen.
  7. Ausnotze vu Bugs ass strengstens verbueden. Bugs mussen op schnellstem Wee dem Serverteam vermëttelt ginn.
  8. Fir Hacken a Cheaten gëtt et kee Verständnis. Ween hackt oder cheatet gëtt op direktem Wee permanent aus dem Projet ausgeschloss, ouni Recht op Entbannung.
  9. D' Verwende vu Modifikatiounen déi engem e Virdeel verschafen, ass verbueden.
  10. Et dierfe mat Ausnam vu FUNEX keng extern Kommunikatiouns mëttel benotzt ginn (z.B. Discord).

§2 - Moderatioun an Organisatioun

Reegelverstéiss a Bestrofungen

  1. Sollt sech e Spiller falsch verhale, muss dëst dem Serverteam (am beschte mat Videobeweis) matgedeelt ginn. Wenn op iergendeng Weis mat engem Reegelverstouss konfrontéiert gëtt an dësen net mellt, mëscht sech selwer strofbar.
  2. Spiller kennen net nëmme wéinst Reegelverstéiss, mee och wéinst mangelnder Rp Qualitéit vum Projet ausgeschloss ginn.
  3. D' opruffen zu engem Reegelverstouss ass och e Reegelverstouss. Dëst gelt och wann en engem Reegelverstouss Wand gett, nom Motto ‘’Mit gehangen, mit gefangen’’.
  4. Bei engem Reegelverstouss gëtt ëmmer als eicht improviséiert! D' Weiderfeieren vun der RP Situatioun huet héchst Prioritéit! Wann neidesch muss IC dezent drop opmierksam gemaach ginn. Et ass méiglech mat engem Reegelverstouss op e Reegelverstouss ze reagéieren. Zum Beispill: Eng Persoun iwwerrennt express verschidde Persounen ouni Grond (VDM), da soll als eicht de CGDIS an d Police geruff gin an des Situatioun ausgespillt gin an duerno soll en da mat enger Opnam an de Support goen.
  5. Bestrofungen verlafe grondsätzlech no dësem Schema (Supportfall: Reegelverstouss). Et gëllt awer och hei, de Supporter huet ëmmer dat lescht Wuert an entscheet iwwert déi jeeweileg Bestrofung.
  6. All Reegelverstouss ass aneschters. Et ass also onméiglech op vergaange Reegelverstéiss an dieren hier Léisung zeréckzegräifen.

Moderatioun

  1. Leit aus dem Serverteam stinn iwwert dem Reegelwierk a vertrieden dëst. Dohier hu se och ëmmer dat läscht Wuert.
  2. All Spiller muss sécher stellen dass en all kommunizéiert Informatioune vum Serverteam an Unkënnegungschats matkrit an dëse follegt.
  3. Memberen vum Serverteam stinn iwwer Videobeweiser.
  4. Aussoen vum Serverteam sinn ze befollegen an als Reegel ze wäerten.
  5. Eng Uklo un en anere Spiller gett nëmme mat Videobeweis beaarbecht.
  6. Jeeglech Supportfäl oder Reklamatiounen ginn ausserhalb vum RP ofgehalen, ausser een Admin fuerdert dech dozou op OOC ze schwätzen. D' RP Situatioun muss ëmmer ausgespillt gi gefier se am Support gekläert gett.
  7. Supportfäll déi duerch e Bann, eng Verwarnung oder sonnestéch Bestrofung zu stane kommen, musse vum Team net ofgeschaaft ginn.
  8. Am Support oder am Gespréich mat Admins gëtt net gelunn.
  9. Jeeglech Respektlosegkeeten géigeniwwer vum Team ginn net gedult.

§3 - Verhalensreegelen

  1. Behandel all Mënsch mat Respekt.
  2. Jeeglech Aart vu Provokatioun ass strengstens verbueden. (och am RP wann des d'RP Situatioun net beräichert, wann also keng vun den zwou Parteien en Virdeel draus zitt)
  3. Sexismus a Rassismus gëtt néierens gedult.
  4. Enorm schwaarzen Humor ass onerwënscht.
  5. Wat am RP geschitt bleift am RP an ëmgedréint. Straitechkeeten am RP dierfen net ausserhalb dovunner ausgedroe ginn.
  6. Et ass verbuede Spiller géint eppes opzehetzen ouni berechtegte RP Hannergrond.
  7. Et ass emmer am Interesse vun all Mënsch fair ze handelen.

§4 - Rollespill

  1. Handel esou wei am echte Liewen!
  2. Spill a Situatioune déi däi Leif a Liewen oder desst vun engem anere gefärden op kee fall den Held a probéier enner allen Ëmstänn däi Liewen ze schützen.
  3. RDM (Random DeathMatch) also d'Embrengen vun anere Spiller ouni valabele Grond ass op eisem Server net erlaabt. Fir e Spiller ëmzebrénge muss emmer e würdege Grond bestoen an et muss nach virdrun eng aner Option oder eng Bedingung gestallt ginn. Sollt dess bedingung net angegalen ginn ass desst automatech eng berechtegung ze scheissen soulang se mat engem Schosscall verbonnen ass.
  4. VDM (Vehicle DeathMatch) also d’ Iwerfueren vun Persounen ouni valabelen Grond ass verbueden. Ennert dess Regel fällt och, dass en net ouni Grond duerch oofsperrungen fueren dierf.
  5. FearRp (Panik, Angscht, Respekt, asw.) muss op eisem Server an jeglechen Situationen ausgespillt ginn.
  6. Reageier ungemies op Aktionen vun dem Spiller oder der Grupp geigeniwer vun dir. Iwerdreif an enerdreif also net mat dengen Aktionen. (z.B. Bei enger Policekontroll direkt Polizisten iwerfalen)
  7. Um Server gëtt ënner allen Ëmstänn HardcoreRP gespillt (Den HardcoreRP op Lëtzebeueg Hardcore-Rollespill ass en Rollespill-Konzept dat dem Prinzip vum Hyperrealismus, also der bescht realistescher Duerstellung, vun Ëmfeld, Mënschen a Gesetzer follegt. All Figur déi um virtuellen Ëmfeld deelhëlt, gëtt vun engem Spiller verkierpert, a follegt der grondsätzlecher Verhalensweis vu Mënsch, am Alldag, esou wei a Stresssituatiounen.)
  8. IC (In Character) ass strikt vun OOC (Out Of Character) ze trennen.
  9. Eng heich RP Qualiteit (net monoton, spiziel Charakterzich, fair Spillweis, serieux Spillweis, asw.) ass op eisem Server eng vun den wichtechsten Egenschaften.
  10. Et ass verbueden am öffentlech zougänglechem Raum AFK ze gohen. Et soll beim AFK goen an en zouen Raum wei zum Beispill eng Toilette goen.
  11. Vollmaskeiert Persounen kennen net identifizeiert awer dofir un bestemmten merkmalen (faf vun den Kleeder, Stemm, Auto, asw.) ennerscheed an eremerkannt ginn. Et kann en nëmmen d’Stëmm als beweismetel benotzen wann och dei aner Sachen zoutreffen.
  12. D’ Duerstellung vun Deierenquälerei ass absolut verbueden. Et dierf een och net ouni Grond en Deier vun engem Spiller embrengen.
  13. Et ass verbueden den eechten Spillverlaf ze steieren. (z.B. trollen, Witzer an serieuxen Situationen rappen, Kierpergerächer an RP Situatiounen wou dess net unbreucht sinn, lachen an onpassenden Situationen asw.)
  14. Den /tragen Befehl dierf nemmen benotzt ginn wann schon firdrun dei gescheidecht Persoun bewegungsonfähech gemach ginn ass. Den Befehl dierf net benotzt ginn fir eng Persoun mat engem Auto matzehuelen. Wann en den /tragen Befehl benotzt soll een demendspriechend handelen. Et soll een net sprinten, net iwwer Maueren kletteren asw.
  15. Deng Fuerweis soll sech dem Realife unpassen, birieder also net mat 150km/h duerch den Würfelpark.
  16. All spiller soll sech sengem Job bzw. senger Aufgab am RP unpassen.
  17. Et ass verbueden gezielt nemmen engem Spiller ze schueden wann keen RP berechtegten Grond virleit. (targeting).
  18. Funktionen (z.B vun engem Job) dierfen net ausgenotzt oder an den Falschen Situationen benotzt ginn.
  19. Vun Sperrzonen ass sech fernzehalen.
  20. Jeglech erleidung vun Schueden, egal ob physech oder psychech, muss akkurat simuliert ginn (PainRP).
  21. Vergewaltegung dierfen net am RP inzineiert ginn.
  22. Et muss en der Geigenpartei emmer eng meiglechkeet ginn aus enger Situation ze entkommen (PowerRP). Beispill: Bei enger Taktecher emstellung dierfen dei Meiglech Ausgäng verklengert bzw. verrengert an befesstecht ginn, awer net kommplet zougespart oder verbarikadeiert ginn.
  23. D’ Informationsbeschafung ausserhalb vum RP ass net erlabt (Metagaming).
  24. Beggreffer aus dem ‘’Gaming Beraich’’ wei z.B leaven, joinen, crashen, bug, glitch, asw. mussen emschriwwen ginn (§13 - Diktionaire).
  25. Wann en gefesselt ass kann en keng Kommunikationsgeräter benotzen. (Außnahm Panikalarm)
  26. Et sollt en net egal wou sein Auto parken (/park). Park also net matzen op der Stroß, an Afarten, firum PD, beim Spidol.
  27. Den ëffentlechen Transport dierf net benotzt ginn fir ze flüchten.
  28. Waffen déi een bei sech huet, sinn ëmmer richteg Waffen, keng Plastik oder Waasserpistoulen.
  29. D Schenke vu Geld, Autoen, Items oder sonnstege Wäertgéigestänn muss ëmmer en Hannergrond am RP hunn.
  30. Den Noutruff dierf net aus Spaß kontakteiert ginn.
  31. Dem Noutruff dierfen keng falsch Informationen matgedeelt ginn.

§5 - Verhalen mat Gefierer

  1. Gefierer sinn ëmmer realistesch ze handhaben.
  2. Wann een en schwéieren Accident hat, sech z.B iwwerschloen huet, ass et verbueden weiderzefueren.
  3. En aggressift wegrammen vun aneren gefierer (dorenner zielen och Motoen) ass net erlabt ausser an situatiounen wou et keen aneren wee gett (z.B wann een vun Autoen emstallt gett oder aner Gefierer am direkten Fluchtwee stinn). Och dann ass et verbueden mat voller Geschwindechkeet, mutwëllech an en anert Gefier eranzeknuppen. Denk drun, dass dein Auto e Wertgeigenstand ass.
  4. Fehlen Rieder vum Gefier, sou ass et onmeiglech weider ze fueren. (Ausser an Noutsituatiounen)
  5. Loftgefierer sollen am Normalfall nëmmen op Realistesch Platzen Landen (Landebunn, Helipad, Grouss oppen Flächen, asw.) an dierfen nemmen op aneren Platzen am Fall vun engem Noutfall wei zum Beispill engem Ausfall vun den Triebwerker op Stroossen oder Parkplazen landen.
  6. Et ass verbuede wärend enger Flucht Gefierer aus enger Garage ze huelen oder an eng Garage ze bréngen.
  7. All Spiller ass fir sein eegent Gefier Inventar (Mall, Handschufach, etc.) verantwortlech.
  8. Kennzeechen mussen vun wäitem Erkennbar sinn (also keen IiIiIiI oder 0o0o0o0). Et dierfen keng Beleidegungen oder Verfassungswiedrech Aussoen um Nummerenscheld sinn.

§6 - Charakter an deem seng Merkmalen

  1. Zwee existeierend Charakteren vun engem Spiller dierfen sech net änelen.
  2. All Charakter muss en Vollstänegen Vir- an Nonumm hunn. Desen muss engem realistechen Virbild entspriechen, also dass et deen Numm och esou keint an Lëtzebeurg ginn. (Jean Schaul, Charel Schmidt, Diogo Pinto asw.) Nimm vun bekannten Perseinlechkeeten dierfen net gewielt ginn. Den Numm dierf net op den Firnumm reimen. Falls en Numm onserieux (Jo Jicke, Dimitri Blyat, Tun Fesch, asw.) oder vun bekannten Perseinlechkeeten (Xavier Bettel, Gaston Vogel) sollt sinn, gett den Charakter gelöscht.
  3. All Kleedung dei en Charakter undet muss serieux an zu der Situation passend sinn.
  4. Den Erstellten Charakter muss am RP mindestens 18 Joher al sinn.
  5. Den Charakter muss dat selwecht Geschlecht hunn mat deems du dech och am echten Liewen identifizeiers.
  6. Et dierf en RP Charakter an deem sein Numm nemmen emol um Server ginn.
  7. Dein Charakter dierf keng onsichtbar Beanträchtegungen hunn. Aussohen wei "Ech sinn fawenblann" oder "Ech hunn Schizophrenie" dierfen net gemet ginn. (Ausser dess Anschränkung lait OOC vir. Wend dech an deser Situatioun un d'Serverteam)
  8. Dein Charakter muss Egenarten besetzen. Dein Charakter muss eng Kreativ Geschicht an Virgehensweis hunn. (net monoton -> RP Qualiteit)
  9. Ennert Charakteren vum selwechten Spiller dierfen keng Geigenstänn, Autoen an keen Geld augetosch ginn.
  10. Eng Vollmaskeierung dierf nemmen ungeluecht ginn wann eng Kriminell Aktion geplangt ass. Oder wann et en valabelen Grond gëtt seng Identiteit ze verbiergen. (Gesicht, Mordversuch, asw.)
  11. Bei der Kreatioun vun engem 2. oder 3. Charakter kënnen Interessekonflikter optauchen, well Informatioune vun engem Charakter engem aneren net kënne virenthale ginn:


Org.Kriminalitéit

Kleng-Kriminell

Polizist

Police SPJ

Admin. Civile Finanzfahndung

Admin. Civile Riichter

Org.Kriminalitéit

/

Erlaabt

Ofgeroden

Verbueden

Verbueden

Verbueden

Kleng-Kriminell

Erlaabt

/

Erlaabt

Ofgeroden

Ofgeroden

Verbueden

Polizist

Ofgeroden

Erlaabt

/

Erlaabt

Erlaabt

Ofgeroden

Police SPJ

Verbueden

Ofgeroden

Erlaabt

/

Ofgeroden

Verbueden

Admin. Civile Finanzfahndung

Verbueden

Ofgeroden

Erlaabt

Ofgeroden

/

Erlaabt

Admin. Civile Riichter

Verbueden

Verbueden

Ofgeroden

Verbueden

Erlaabt

/


§7 - Liewen an Doud

  1. Wann en Spiller an d'Koma fält dierf hien sech net dorunner erënneren fir wat hien an d'Koma gefall ass.
  2. Et ass zu all Moment erlaabt en Charakter komplett stiewen ze loossen. Dëst musst dem CGDIS matgedeelt ginn.

§8 - Staatlech Beruffer

  1. Enner Staatlech Beruffer Falen: Police, CGDIS, ACL, RTL, Administration Civile.
  2. D' RP spillt an engem Rechtsstaat. Heescht dass déi dréi Feiler vum System (Legislativ - Politik an Gesetzgebung, Judikativ - Geriicht, Exekutiv - Police) omnipresent sinn. Beruffer aus dësen 3 Beräicher dierfen net kriminell agéieren (Ausnahmen: ACL, RTL an CGDIS of duty), korrupt sinn oder vun Aussenstehenden Kontrolléiert ginn an hunn ëmmer dat lescht Wuert.
  3. Spiller vun Statlechen Beruffer dierfen on duty net Iwerfall oder als Geisel geholl ginn. Et muss ze erkennen sin, dass dess Spiller on duty sin zum Beispill e Polizist huet seng Uniform un. En Zivil Polizist kann zum Beispill net emmer als on duty erkannt gin.
  4. Geigenstänn op dei nemmen Staatlech Beruffer zougreff hunn dierfen net geklaut ginn an dierfen och net ennert den Spiller cirkuleieren.

Police

  1. Et dierf een net Leit mat Props ansperren (PowerRP).
  2. Police-Baiting, also d'Oneidecht Provozéieren vun Polizisten ass strengstens verbueden.
  3. Nodeems en stierwt dierf en Polizist net méi un sengem Asaatz deelhuelen
  4. D' Usp dierf en Finalen Rettungsschoss (Also d'Erschéissen vum Geiselnehmer fir d'Geisel ze retten) machen, wann d'Liewen vun der Geisel an direkter Gefor besteet (Den Geiselnehmer zielt z.B bis 3).

CGDIS

  1. Den CGDIS ass bei der Ausfeierung vun senger Aarbecht (op der Asatzplaatz, am Spidol, asw.) onantasstbar. Geint den CGDIS dierf also op keng Art an Weis Gewallt ungewand ginn (Kee Schueden hinzouzefügen, net iwerfalen, net entfeieren, asw.). Beweegen sech Memberen vum CGDIS awer gezielt an Geforenberaicher oder notzen hier Onantastbarkeet aus, ass dei net mei gültech.

ACL

  1. Gefierer fir oofzeschlefen mussen realistech benotzt ginn (z.B. keen Helikopter oder Flieger op den Flatbed).

Administration Civile

  1. Eng Geriichtsverhandlung dierf net vun onbedeelechten gesteiert ginn.
  2. Falls et an engem Gesetzbuch vu LuxRP kee passend Gesetz gëtt, gëllt d'geltend Recht vu Lëtzebuerg.

§9 - Kriminell

  1. Keen Spiller dierf vun Ufank u Kriminell sinn. Kriminalitéit muss am RP entstoen.
  2. Et dierfe keng fake Geisele benotzt ginn. Eng Geisel muss ëmmer géint hire Welle geholl ginn an dierf net Bestach ginn.
  3. Wann e Bedrot gëtt muss en, jee no Wichtegkeet, ëmmer wouer Aussoe maachen.
  4. Ier eng Persoun bewegungsonfäeg ka gemaach ginn (Handschellen uleeën asw.), muss dëst ugekënnegt ginn. Wann méiglech muss d'Persoun och mat enger Schosswaff bedrot ginn.
  5. Et sollt en sech als entfouert Persoun net géint d'Entféierer opleenen, ausser et besteet eng realistesch Chance ze flüchten.
  6. E kreativen a Spannenden Handlungsoflaf ass Pflicht. Déi Zwou Parteie sollen also Spaass an eng Erausfuerderung an engem Iwwerfall gesinn, onofhängeg dovunner ob se als Gewënner, oder Verléierer aus der Situatioun erausginn.
  7. Eng Geisel schützt net zu 100% vu polizeilechen Aktiounen.
  8. Cannabis Planzen dierfen nëmmen um eegene Grondstéck placéiert ginn!

REMARQUE! Eng Kriminell Aktioun, wei zum Beispill e Bankiwwerfall soll ëmmer geplangt an organiséiert sinn, virun allem wann een net eleng ass.

§10 - Schosscall

  1. D’Schéissen oder d’Erschéisse vun enger Persoun ouni Schosscall gellt als RDM.
  2. E Schosscall ass eng direkt Drohung. Wann des net méiglech ass kennen och Schëss an d’Loft ofgi ginn. D'Schëss dierfen dobäi op kee Fall a Richtung Ziel ofgeschoss ginn.
  3. E Schosscall dierf all zeit erwiedert ginn.
  4. E Schosscall ass no enger Zeit ouni Interaktioun, oder no ofschléisse vun der RP Situatioun ongülteg.
  5. Eng Hiriichtung brauch kee Schosscall wann den Täter déi 100% Kontroll iwwert d’Situatioun an d Opfer huet a wann d’Situatioun als Hiriichtung erkennbar ass.
  6. Et muss en der Persoun un déi de Schosscall gestallt gouf Reaktiounszäit ginn.
  7. Wann déi Persoun un déi de Schosscall gestallt gouf de Fuerderunge follegt, ass dësen net mei gülteg.
  8. D’USP (Unité Spécial de la Police) brauch kee Schosscall fir de Finale Rettungsschoss wann en d’Erlabnis vum Asaatzleeder kritt.

§11 - Fraktiounsregelen

  1. Et dierf en maximal zu 4 Spiller Kriminell Aktionen vollzéien déi dat nämlech Ziel verfollegen ouni als Fraktioun beim Serverteam ugemellt ze sinn.
  2. Eng Fraktioun dierf am Ufank maximal aus 6 Spiller bestoen. Dëst Limitt kann mat Nofro beim Serverteam erhéicht ginn.
  3. Folgendes gelt wann déi meescht Memberen vun engem Iwwerfall an enger Fraktioun sinn.:
  4. Et dierf en maximal zu 4 Spiller aktiv Kriminell Aktiounen vollzéien déi dat nämmlecht Ziel verfollegen.
  5. Et dierf en maximal zu 4 Spiller passiv Kriminell Aktiounen vollzéien déi dat nämmlecht Ziel verfollegen.
  6. passiv = Ausschliisslech mat Informatiounen zu enger Aktioun bäidroen (Keng Resistenz virun der Police an keen direkt agräifen an den Iwwerfall.)
  7. Dëst gëllt net wann d’Police d’ Offensiv start.
  8. De Chef vun enger Fraktioun haftet fir all seng Memberen.
  9. Den Numm vun enger Fraktioun dierf keen Numm aus dem echten liewen oder aus GTA sinn.
  10. Fraktiounen sollen net den Zivilisten schueden.
  11. Fraktiounen dierfen net inaktiv sinn.
  12. Extrememistech Fraktiounen sinn verbueden.

§12 - Unpassung un d'Emfeld

  1. Den Charakter muss sech den herrchenden Wiederbedingungen unpassen (Hei gett sech um echten Liewen ungepasst).
  2. Spiziell Ereignisser am RP sinn Evenementer an Bedingungen die d'RP vun Gruppen oder dem ganze Server beanflossen. Des Evenementer dierfen nemmen vun Admins bestätecht an duerchgefouert ginn. D' Evenementer sinn greisstendeels onungekennecht an verlangen eng Emstellung am RP.

Schweiert Wieder Evenement

En schweiert Wieder Evenement setzt sech aus erschweierten Wieder Konditionen (Schneistuerm, Donnerwierder, Stuerm, asw.) zesummen. Dess Evenementer ginn emmer kurzfristech ungekennecht an daueren gären emol puer Stonnen. Sie sinn reicht beend wann dest ungekennecht gett, oder eng laang unhalend Opklärung do ass. All Spiller muss seng Spillweis an sein Charakter un dei erschweiert Konditiounen unpassen. Heecht also:

  1. Sech dem Wieder entsprechend kleeden.
  2. Sech esou vill wei meiglech Dobannen ophalen.
  3. Seng Geschwindechket an seng Fahrweis op der Stroß unpassen (mei lues an manner hecktech fueren). Desst gellt och an verfolgungen.
  4. Et dierfen keng Loftenheeten benotzt ginn.

§13 - Dictionnaire

All Begreff aus dem "Gamerjargon" muss verännert ginn fir den RP Oflaf net ze steieren. Hei sinn puer Begreffer. Dess sinn als Fauschtreegel ze huelen.

  1. Reegelwierk - Konventioun
  2. Admin - Regierungsbeamten
  3. Spillfehler - Kappwei
  4. Leaven - Schlofen goen / Heem goen
  5. Joinen - Opstoen / Opt d'Aarbecht kommen
  6. Rejoinen - Powernapen
  7. "An Realife" - Am Kapp / An mengen Dreem

Wann en AFK geht soll en desst och emschreiwen. Zum Beispill kann en soen, dass een op d'Toilette geht an do ass och ze beachten IC och op eng zouen Platz wei zum Beispill eng Toilette ze goen.

Aner Beispiller wiren,

  1. "Ech gin kuerz äppes an den Autos sichen"
  2. "Ech gin kuerz fresch Loft huelen"