Supportfall: Reegelverstouss
Grondlagen
Spiller ginn bestrooft wann se géint eng Reegel verstoussen oder allgemeng netubruechte Verhalen opweisen. De Supporter, also en Team Member deen sech em de Support këmmert, entscheet heibäi unhand dem Reegelwierk a senger perséinlecher Menung wéini dëst de Fall ass. De Supporter huet ëmmer dat läscht Wuert! D' Vervollgung vun Ukloen an Verdeedegungen gett ouni gültechen Videobeweis mat Toun net garanteiert.
Bestrofungen folgen dësem Schema
- Frëndlechen Hiweis op Fehlverhaalen:
Schrëftlech Verwarnung
Mëndlech Verwarnung
- Bestrofung
2h Bann (Ouni weider Konsequenzen)
2d Bann (D’ Whitelist muss widderholl ginn)
1w Bann (D’ Whitelist muss widderholl ginn)
Permabann (Kann nëmmen opgehuewe gi wann eng eendeiteg Beweislaach besteet an/oder dat ganzt Team fir eng Ophiewung stemmt an en Konsens dofir besteet) (D’ Whitelist muss widderholl ginn)
Zeréckzeihe fun enger Bestrofung
Eng Bestrofung kann nëmmen zeréckgezu gi wann:
- Den Supporter, deen d’ Bestrofung ausgefouert huet, am nachhinein feststellt dass d’ Bestrofung awer net gerechtfäerdegt ass.
- Den Supporter, deen d’ Bestrofung net ausgefouert huet am nachhinein feststellt dass d’ Bestrofung awer net gerechtfäerdegt ass an den Supporter deen d’ Bestrofung ausgefouert huet, doriwwer opgekläert an em Averständnis gefrot huet.
- D’ Beweislaach ganz kloer d’Onschold beweist.